Eis Partner
-
Aikido-Dojo Dudelange
Den Aikido Dojo Diddeleng ass der Praxis vum Aikido gewidmet, enger japanescher Kampfkonscht déi op Harmonie, fléissend Beweegung a kontrolléiert Selbstverdeedegung setzt.
Aikido -
American Football Federation AFFL
D’Luxembourg American Football Federation ass den nationale Verband fir American Football a Flag Football. Zënter 2007 fërdert si d’Entwécklung vum Sport am Land, ënnerstëtzt d’Veräiner an d’Spiller a vertrëtt Lëtzebuerg op internationalem Niveau.
American Football -
Beckerich Hedgehogs
D’Beckerich Hedgehogs sinn ee Baseballveräin deen 2002 gegrënnt ginn ass. De Club gehéiert zu der lëtzebuergescher Baseballfederatioun, hëlt awer um Championnat vun der Däitscher Regionaler Federatioun deel.
Baseball -
BlocX Urban Fitness
BlocX Urban Fitness kombinéiert Boulderen, Ninja Warrior an Parkour an engem dynameschen Ëmfeld. D’Coursë fuerdere Kraaft, Beweeglechkeet a Selbstvertrauen op eng spilleresch an erausfuerderend Aart a Weis.
Boulderen Urban Fitness -
Break/Even
Breakeven ass den éischten Danzstudio zu Lëtzebuerg, deen sech exklusiv op Breakdance spezialiséiert. D’ Participanten ginn vun erfuerenen Traineren encadréiert an entwéckelen Technik, Kreativitéit an hiren eegene Stil.
Danz (Breakdance) -
Capoeira Team Luxembourg
D’Capoeira Team Lëtzebuerg vermëttelt déi brasilianesch Kampfkonscht, déi Kampftechnik, Danz a Musek vereent. D’Coursë si fir verschidden Altersgruppen an Niveauen ugepasst a fërderen Beweeglechkeet, Rhythmus, Koordinatioun a kulturellen Austausch an engem liewege Kader.
Brazilian Jiu Jitsu Capoeira Muay Thai Selbstverteidegung Zumba -
CNL – Club Nautique du Luxembourg (Bech-Maacher)
De Club Nautique du Luxembourg gouf 1961 zu Bech-Maacher gegrënnt a besteet haut aus ronn 150 Memberen. De Club bitt verschidde Waassersportarten un, wéi Waasserski, Wakeboard, Wakesurf oder Barefoot. De Site ass ideal fir sportlech Aktivitéiten, Grillen a vill Spaass um Waasser.
Waassersport -
FC Tricolore Gasperich
Den FC Tricolore Gasperich ass e historesche Fussballclub am Quartier Gasperich an der Stad Lëtzebuerg, deen seng Heemspiller am Stade Emile Bintner spillt a stolz seng traditionell rout, wäiss a blo Faarwe dréit. De Veräin, deen 1919 gegrënnt gouf, ass e aktiven a respektéierte Member vum lëtzebuergesche Fussball, mat engem staarke Fokus op Gemeinschaft, Entwécklung […]
Fussball -
Féderation des Arts Martiaux – FLAM
D’Fédération Luxembourgeoise des Arts Martiaux (FLAM) ass den Daachverband vun de Kampfkënscht zu Lëtzebuerg. Si vereenegt eng grouss Villfalt u Clibb a Sportaarten wéi Judo, Jiu-Jitsu, Kickboxing, Muay Thai, Aikido, Kung Fu, Hwa Rang Do a vill méi, a setzt sech fir d’Fërderung, d’Struktur an d’Entwécklung vun de Kampfkënscht am Land an.
-
Fédération Luxembourgeoise de Natation et de Sauvetage
D’FLNS (Fédération Luxembourgeoise de Natation et de Sauvetage) ass déi offiziell national lëtzebuergesch Federatioun fir Waassersportarten, déi verantwortlech ass fir d’Organisatioun, d’Reguléierung an d’Entwécklung vum Schwammen, Waasserball, Tauchen, Konschtschwammen a Schwammen am Fräie Waasser am Land. Si vertrëtt Lëtzebuerg an internationalen Organisatiounen ewéi World Aquatics a LEN, organiséiert national Kompetitioune mat Lizenzen a fërdert d’Sécherheet, […]
Schwammen -
Groupe Luxembourgeois de Croisières et de Régates
De GLCR (Groupe Luxembourgeois de Croisières et de Régates) ass de gréisste Segelclub zu Lëtzebuerg, deen sech der Fërderung an der Léier vum Seegelen, der Organisatioun vu Regattaen an nautischen Eventer an der Fërderung vun enger Gemeinschaft vu Segelbegeeschterten engagéiert. E gouf 1979 gegrënnt a bitt Ausbildung, Zertifizéierungsvirbereedung, sozial Aktivitéiten a Jugendsegelprogrammer a Kooperatioun mat […]
Seegelen -
Hwa Rang Do Luxembourg
Hwa Rang Do Luxembourg vermëttelt eng traditionell koreanesch Kampfkonscht, bei där d’Gläichgewiicht tëscht Kierper, Geescht a Charakter am Mëttelpunkt steet. D’Coursë si fir all Alter a Niveau gëeegent a stäerken Disziplin, Selbstvertraue a kierperlech Kontroll.
Hwa Rang Do -
Judo et Jiu-Jitsu Club Bonnevoie
De Judo a Jiu-Jitsu Club Bonnevoie bitt modernen an traditionelle Jiu-Jitsu mat Schwéierpunkt op Selbstverdeedegung, Technik a Kontroll. De Club heescht Kanner, Jugendlecher an Erwuessener wëllkomm an erméiglecht Training an engem strukturéierten a respektvolle Kader.
Jiu-Jitsu -
Lëtz Get Fit
Lëtz Get Fit ass eng lëtzebuergesch Organisatioun déi eng ganz Panoplie u Sportaarten fir Kanner an och Erwuessener ubidd. Hinne geet et virun allem dorëms, Gesondheet, Wuelbefannen an d’Langzäit-Engagement am Sport ze fërderen
Boot Camp Hockey Hyrox Rugby -
Lëtz Skate
Lëtz Skate ass eng Skateboardschoul, déi Skateboarde fir jiddereen zougänglech mécht. Vum Ufänger bis bei méi Erfueren, och fir Kanner ab 5 Joer, ginn Gläichgewiicht, Koordinatioun, Selbstvertraue a Skate-Techniken an engem ënnerstëtzende Kader vermëttelt.
Skateboard -
Luxembourg Academy of Kickboxing
D’Luxembourg Kickboxing Academy ass spezialiséiert op Kickboxing a vergläichbar Kampfsportaarten. D’Traininger verbannen Technik, kierperlech Fitness a mental Stäerkt a riichte sech u Ufänger souwéi un erfuere Sportler, ëmmer an engem motivéierenden a sécheren Ëmfeld.
Kickboxen -
Luxembourg Lacrosse a.s.b.l.
Lacrosse ass eng vun den eelste Mannschaftssportaarten op der Welt a kënnt ursprénglech aus Nordamerika. Luxembourg Lacrosse fuedert de Sport zu Lëtzebuerg duerch Veräiner, Jugendprogrammer an Nationalekippen. De Sport ass dynamesch, séier a kombinéiert Technik, Teamgeescht a Beweeglechkeet.
Lacrosse -
Luxembourg Lions
D’Luxembourg Lions sinn éischten Dodgeball Veräin zu Lëtzebuerg a goufen eréischt 2024 gegrënnt. Niewt Trainingen a Kompetitiounen, wou si och um europäeschen Niveau untrieden, organiséieren si och sozial Evenementer a sinn oppen fir nei Memberen
Dodgeball -
Patinoire Kockelscheuer
D’Patinoire Kockelscheuer bitt Aktivitéite fir all Alter an all Niveau un. Nieft Äiskonschtlaf, Äishockey a Curling ginn och Skateboard- a Rollerblade-Coursen ugebueden.
Äissport -
Rise Barre Pilates
Rise Barre Pilates bitt Coursen am Beräich Barre, Pilates an Aerial un. Mat verschiddene Standuerter a qualifizéierten Traineren ënnerstëtzt Rise d’Participanten op hirem Wee zu méi Beweeglechkeet, Kraaft a Wuelbefannen.
Aerial fitness Barre Pilates -
Steinfort Adventure
De Steinfort Adventure Treetop Adventure Park kombinéiert verschidden Aktivitéiten
-
Taiji & Qi Gong Luxembourg
De Volker Bänsch enseignéiert Taijiquan a Qi Gong zu Lëtzebuerg. Dës Bewegungsforme leeën de Fokus op fléissend Beweegungen, Ootmung an bannescht Gläichgewiicht a droen zu Gesondheet, Entspanung a Kierperbewosstsinn bäi – fir all Alter a Niveau.
Chen Taijiquan -
Telstar Hesperange
Den Telstar Hesperange ass ee laangjärege Basketballclub, deen 1972 gegrënnt gouf. De Club aus der Gemeng Hesper engagéiert sech virun allem staark an der Jugendaarbecht a promovéiert de Sport bei deene Jonken zu Lëtzebuerg
Basketball -
Ultimate deLuxe
Ultimate deLuxe ass de gréissten Ultimate Frisbee Veräin zu Lëtzebuerg. 2006 gegrënnt, geet et dem Club niewt dem Organiséieren vun Trainingen a Kompetitiounen virun allem dorëms de Fairl Play vum Sport ze promouvéieren
Ultimate Frisbee -
VC Stroossen
De Volleyball Club Stroossen ass e renomméierte Volleyballveräin mat engem staarke Fokus op Jugendaarbecht. De Club bitt ausschliisslech Volleyball un an ass bekannt fir seng sportlech Erfolleger a qualitativ héichwäerteg Ausbildung. Teamgeescht, Leeschtung a Fairplay stinn am Mëttelpunkt.
Volleyball -
X3M
Team X3M Snooze ass ee vun de gréissten a dynameschsten Triathlon- a Multisportveräiner zu Lëtzebuerg. De Veräin ass 2021 aus dem Zesummeschloss vun X3M Triathlon Mersch a Team Snooze entstanen a bréngt Ufänger wéi och erfuere Sportler zesummen. Mat iwwer 170 Memberen steet X3M fir Training, Competitioun a Spaass an enger oppener Communautéit.
Triathlon -
Youth Hostels Luxembourg
D’Jugendherbergen zu Lëtzebuerg bidden vill méi un wéi nëmmen Iwwernuechtung. Nieft der Ënnerbréngung vu Schoulen, Veräiner, Gruppen, Famillen a Wanderer ginn och vill Fräizäit- a Sportaktivitéiten ugebueden, wéi Klammen, Bouschéissen, Mountainbike an Waassersport.
Bouschéissen Fitness Klammen
Kee Partner passt op dëse Buschtaf.