MoVe – Deng Vakanz, Däi Sport!
De “MoVe” ass eng Offer vum Service national de la jeunesse déi Jonken d’Méiglechkeet bitt an de Schoulvakanzen nei Sportaarten ze entdecken a Freed un der Beweegung ze hunn – ganz ouni Leeschtungsdrock.
Se ass Deel vun der Campagne “sécher.digital” vum Ministère fir Education, Kanner a Jugend (MENJE) déi sech fir eng gesond Screen-Life-Balance asetzt. Manner Zäit virum Ecran heescht, méi beweegen, entdecken, erliewen. A genau hei setze mir mam “MoVe” un. Manner Zäit virum Bildschierm bedeit méi Bewegung, Entdeckungen a real Liewenserfarungen. Genau do kënnt “MoVe” an d’Spill.
Wéi eng Formater ginn et?
MoVe bitt Sportaktivitéiten a verschiddene Formater un:
-
Sport Camps
-
Dagesaktivitéiten
-
Hallefdagsaktivitéiten
-
Eventer
Am Mëttelpunkt stinn d’Decouverte, de Spaass an d’Beweegung – net d’Leeschtung.
Fir wien a wéi eng Sportaarten?
Déi verschidden Aktivitéite riichte sech haaptsächlech u Kanner a Jonker tëscht 8 an 20 Joer. D’Offer ass ganz breet a villfälteg sou datt fir jiddereen eppes dobäi ass. Ugebuede ginn, ënnert aneren:
D’Zil ass et, och Sportaarten ze entdecken, déi net ëmmer einfach zougänglech sinn an net sou verbreet sinn.
-
Ball & team sports
(Beachvolleyball, American Football, Ultimate Frisbee, ...)
-
Martial Arts
(Self-defense, Muay Thai, Jiu Jitsu, ...)
-
Outdoor & endurance sports
(Moutainbike, Bouschéissen, Liichtathletik, …)
-
Strength & flow
(Parkour, Calisthenics, Danzen, ...)
-
Urban sports
(Skateboard, Roller Blades, Ninja Warrior, …)
-
Water sports
(Seegelen, Wakeboard, Rudderen, …)
Encadrement & Kader
All Aktivitéite gi vu professionellen Traineren an Experten encadréiert. Bei de Sport Camps kommen zousätzlech forméiert Animateuren vum SNJ dobäi, déi sech ëm d’Gruppendynamik, d’Pausen an d’Wuelbefanne këmmeren.
MoVe bitt e sécheren, edukativen a fräiwëllege Kader, wou Jonker Sport maachen, nei Leit kenne léieren an sech wuel fillen.