Le Gouvernement du Grand-Duche de Luxembourg

Nuit du sport 2026

Uert

All around Luxembourg

D’„Nuit du Sport“ gëtt all Joer vu Gemengen, Veräiner a Verbänn organiséiert a fënnt op Initiativ vum Service national de la jeunesse (SNJ) an dem Sportsministère (MSP) statt.

D’Aktivitéiten, déi wärend der „Nuit du Sport“ ugebuede ginn, ginn op der Plaz vu Jugendhaiser, Sportveräiner a kommunale Servicer organiséiert. Dobäi handelt et sech dacks ëm nei oder manner bekannt, aussergewéinlech a speziell un dëst Evenement ugepasste Sportaarten.

Den Event riicht sech un all Sportinteresséiert a -begeeschtert, egal ob Erwuessener oder Kanner. Déi eenzeg Viraussetzunge sinn d’Freed un der Beweegung an d’Loscht, nei Sportaarten z’entdecken – onofhängeg vum sportlechen Niveau vum Interesséierten.

Méi Informatiounen op : www.nuitdusport.lu

Bleif informéiert

Verpass keng nei Aktivitéiten oder Events vum MOVE. *